Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Service d'aide aux victimes

Méi wéi 36.000 Strofdote goufen d'lescht Joer zu Lëtzebuerg registréiert. De Service d'aide aux victimes lauschtert den Affer vun enger Strofdot no a bitt hinnen Hëllef un. Dobäi ass et wichteg, wéi grave dës Strofdot war oder wéi al d'Persoun ass, déi Hëllef sicht. Et wier wichteg, datt d'Persoun, déi en Trauma erlieft huet eng zentral, staatlech Ulafplaz hätt, bäi där si professionell gehollef ka kréien. De Chris Zeien huet mat der Manou Schmit, enger Psychologin beim Service d'Aide aux Victimes vum SCAS (Service Central d'assistance sociale) geschwat.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen