Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Den Archie Lee Hooker an den Drummer/Produzent Yves 'Deville' Ditsch: zesummen um Album 'Chilling'

Blues Is Life!

"Chilling" ass deen neien Album vum Archie Lee Hooker (Label: Dixiefrog). Hien an den Drummer/Produzent Yves Ditsch si Gäscht am Studio. Deen anere Sujet ass de Concert vum Mitch Kashmar am Sang a Klang (27.4.).

D'Playlëscht vum Fred Medernach gesäit esou aus:

  1. Mitch Kashmar - I Got No Reason (Album an dëser Stonn: Live at Labatt / Delta Groove Music DGPCD 128)
  2. Mitch Kashmar: Evil Man Blues + Dirty Deal
  3. Archie Lee Hooker - I've Got Reasons (Album an dëser Stonn 'Chilling' / Dixiefrog DFGCD 8804)
  4. Archie Lee Hooker - Love Ain't No Playing Thing + Bright Lights Big City
  5. Archie Lee Hooker - Jockey Blues + Big Ass Fun
  6. Heritage Blues Company - Prode & Joy (Live-Opnam radio 100,7 aus dem Sang & Klang)
  7. Mitch Kashmar - Sugar Sweet + Song For My Father

Rezent Emissiounen

  • Graham Bond

    E Portrait vum 1974 verstuerwenen englesche Sänger, Saxophonist a Keyboarder, deen d'Hammonduergel mat an de Blues bruecht huet.

  • The Winklepickers: exklusiv, live & ofgespeckt

    Den Duo Roger Melcher (Gesang, Harp) a Roland Meyer (Gittaren), live opgeholl am Studio 8 vum radio 100,7.

  • Jack Bruce - The 50th Birthday Concerts

    Am November 1993 huet de Bassist Jack Bruce zwee wonnerbar Concerten zu Köln am E-Werk gespillt, an zwar fir säi 50. Geburtsdag ze feieren.

  • Rough Blues vun hanner der Grenz

    Als Gäscht derbäi: déi saarlännesch Formatioun Stompin Heat mat hirem Live-Album, dee si genreméisseg als Rough Blues presentéieren.

  • John Mayall: "Three for the Road"

    Dee 66. Album vum britesche Blues-Pionéier

  • Blues Is Life!

    "Chilling" ass deen neien Album vum Archie Lee Hooker (Label: Dixiefrog). Hien an den Drummer/Produzent Yves Ditsch si Gäscht am Studio.

  • Muddy Waters ... Live at Rockpalast

    Och nach haut, 35 Joer no sengem Doud, kommen ëmmer nach CDe vum Bluesmuseker Muddy Waters eraus. Sou och 2018.

  • Remo Cavallini live@Rockhal

    Den Déifferdenger Bluesmann mat Band a Frënn, opgeholl de 14.10.2017 am Club vun der Rockhal fir de Release vu "The Last Blues From 29".

  • James Cotton

    De Meeschter op der Bluesharp mat Meeschterwierker aus senger Carrière

  • Bert Jansch

    De schottesche Folk Museker dee mat sengem Gittar-Stil eng ganz Generatioun gepräägt huet. 
     

  • Live George Thorogood & The Bintangs

    Ausschnëtter aus zwee Live-Concerte vum Feinsten.

  • Heritage Blues Company live

    Véier Lidder vum Lëtzebuerger Quintett erliewen hir Radio-Première an der Emissioun, mam Chris Cain ass och den nächste Bluesclub-Act derbäi.

  • D'Enn vum New Yorker Fillmore East

    Fillmore East - The Last Three Nights: den Album fir Rock- a Bluesfans bréngt nach emol grouss Nimm an Erënnerung.

  • Heavy Petrol in concert

    D'Lëtzebuerger Band mat 46' Live-Opnamen aus der Escher Kulturfabrik - de Repertoire geet vu Blues vum Album "Petrol Train" bis Hendrix.

  • Gary Moore - Blues & Beyond

    Pünktlech zum siwenten Doudesdag ass e Box-Set erauskomm mat véier CDen a mat senger Biografie dran. Praktesch e Sträifzuch duerch dem Moore seng Blues Carrière.

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen