Geliefte Musek

Luc Boentges

Op der UNESCO-Lëscht stinn iwwer zéng immateriell Kulturierwen, déi sech op d'Musek bezéien, z. B. d'Chouermusek vun Amateurchéier oder d'Lidder vun der däitscher Aarbechterbeweegung. Deen eenzege Punkt op der Lëtzebuergescher UNESCO-Lëscht vum Patrimoine culturel immatériel ass zënter 2010 d'Sprangprëssessioun. Wann een dës Lëscht verlängere kéint, wat géing een dann drop setzen? Vollekslidder wéi Zu Arel op der Knippchen an de Feierwon? D'Traditioun vun de lokale Blosmuseken oder vläicht de Kierchegesank?

Georges Urwald

Här Professer, de Charel op der Eisebunn an de gekachte Kéis

"Monaco", "De gekachte Kéis" oder och den "Här Professer" si populär Lidder aus der Nokrichszäit. Wat ware beléift Themen? Wat gouf domadder ausgedréckt? Wie waren d'Haaptacteuren? Äntwerten huet den Invitée Georges Urwald, deen zesumme mam Luc Boentges e Bléck op déi rezent musikalesch Vergaangenheet werft.

Playlëscht:

  • Jean-Pierre Kemmer: Monaco, Ënner Bloem Himmel
  • Pierre Kremer: Här Professer
  • Marcel Jander: De Charel op der Eisebunn
  • Fernand Fox: Déi kleng Chamber
  • Pierre Kremer: De gekachte Kéis
  • Colette a Fernand: De Jangli
  • Hary Haagen: Angélique

Rezent Emissiounen

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen