Invité vum Dag

En Interview iwwert en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Ines Kurschat

Mat der Journalistin an neier Presidentin vum Presserot geet rieds iwwer Pressefräiheet an Informatiounszougang fir Journalisten a Bierger. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

Rezent Emissiounen

  • Peter Schaar

    Am Gespréich mam Dateschutzexpert geet et ëm dat neit europäescht Dateschutzreglement, dat haut um 25. Mee a Kraaft trëtt.

  • Eric Rosin

    Mam neien Direkter vum Fonds du Logement geet et ëm d'Erausfuerderunge vum Manktem u bezuelbarem Wunnraum an ëm d'Prioritéiten déi den Eric Rosin sech selwer gesat huet fir Rou a seng Verwaltung ze bréngen.

  • Robert Scharfe

    D'Lëtzebuerger Bourse feiert 90 Joer. Mat hirem Generaldirekter schwätze mir iwwert d'Geschicht an d'Zukunft vun dëser Institutioun.

  • Sasha Baillie

    D'Promotiouns-Agence Luxinnovation huet zënter dem 1. Mee eng nei Directrice: d'Sasha Baillie ass de Moien Invitée um radio 100,7.

  • Marie-Claude Boulanger

    D'Directrice vum Service central d'assistance sociale schwätzt iwwer déi verschiddenaarteg Missioune vum Service, dee si zënter 2016 leet.

  • Charles Margue

    Wat zitt e Meenungsfuerscher an d'Politik? De Charles Margue, Ex-TNS-ILRes, iwwer seng Decisioun mat de Gréngen an d'Chamberwahlen ze goen.

  • Blanche Weber

    D'Presidentin vum Mouvement écologique presentéiert d'Wahlfuerderung vun der Ëmwelt-ONG.

  • Stefan Kunzmann

    D'Wochenzeitung Revue kënnt zanter Kuerzem an engem neie Layout eraus. Mam Chefredakter geet rieds iwwer d'editorial Linn a firwat elo de Moment war fir de Renouveau.

  • Claude Seywert

    Mam zukünftege Generaldirekter vum Lëtzebuerger Energiekonzern Encevo schwätze mir iwwer d'Entwécklungen am nationalen an internationalen Energiemaart.

  • John Marshall

    Iran, Brexit an transatlantesch Relatioune sinn Theme mam briteschen Ambassadeur vu Lëtzebuerg.

  • Simona Frankel

    D'Ambassadrice vun Israel fir Lëtzebuerg an d'Belsch schwätzt iwwer d'Roll vun der israelescher Regierung an der internationaler Politik.

  • Taina Bofferding (LSAP)

    D'Süddeputéiert schwätzt iwwer Sozialpolitik an d'Plaz vun de Fraen an der Politik.

  • Karin Schintgen

    Den 1. Juni mécht d'House of Startups offiziell seng Dieren op. D'Karin Schintgen, CEO vun där Struktur, erkläert, wéi jonk Entrepreneuren do gehollef kréien.

  • Guy Hoffmann

    Deen neie President vun der Banken-Associatioun ABBL schwätzt ë.a. iwwer d'Käschte vun der Regulatioun an de Stand vun de Kollektivvertragsverhandlungen.

  • Claude Steinmetz

    Den Ex-Direkter vun der Luxlait geet fir d'CSV mat an d'Chamberwahlen. Wéi motivéiert de Manager de Sprong vun der Privatwirtschaft an d'Politik?

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen