Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Duke Ellington & John Coltrane

Den Duke Ellington as net nemmen ee vun deene wahrscheinlech produktivsten amerikanesche Komponiste vun allen Zäiten an e wonnerbare Big Band-Leader, mee och nach e villsäitege Pianist mat ganz eegenem Stil. Ufangs den 1960er Joeren hëllt hien niewt sénger grousser Band nach eng Rei Alben a klenge Besetzungen op, sou zum Beispill "Money Jungle" am Trio an dësen Album mam John Coltrane am Quartett. Mär héieren eng Selectioun vun interessanten Kompositiounen vun Ellington, Strayhorn a Coltrane, woubäi besonnech den Opener "In a Sentimental Mood" ervirzehiewen as, deem séng Opening Phrase um Tenorsaxofon den Toun setzt fir eng ganz wonnerbar Plack.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen