Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur
Dossier vum Dag

Macron am Europaparlament
Den Emmanuel Macron gëtt sech als groussen Europäer - an hien huet Succès domat. Ëmmerhin ass de franséische President ee vun de rare Politiker an der EU, déi et fäerdegbruecht huet, mat enger engagéierter pro-europäescher Campagne d'Wahlen ze gewannen. Mee de Fransous kritt bis elo net all ze vill Ënnerstëtzung an der EU fir seng Iddien.
Grad wéinst sengem Succès zécken awer vill Politiker hien direkt ze attackéieren. Bei sengem Besuch gëschter am Europaparlament gouf däitlech, datt sech jiddereen éischter dat erauspickt, wat him passt.
Eent ass sécher, den Emmanuel Macron huet et fäerdegbruecht, een Debat ze lancéieren iwwer méi oder manner Europa, deem sech keen esou richteg entzéie kann. En Dossier vum Danièle Weber.
Rezent Emissiounen
-
D'Drénkwaasser an Zäite vun Dréchent
Dat waarmt Wieder beaflosst d'Drénkwaasserversuergung, seet d'Waasserverwaltung. Laangfristeg hannerléisst awer och de Klimawiessel do déifgräifend Spuren.
-
Pourquoi le ciel européen atteint ses limites
Depuis le début de l'année, le trafic européen connaît un retard de 4 millions de minutes. Un retard record qui devrait encore s'accentuer dans les mois qui viennent.
-
Expulsions: la Belgique installe un centre fermé pour familles
Malgré son caractère controversé, le premier centre fermé pour des familles dans l'attente d'une expulsion ouvrira ses portes le 6 août en Belgique.
-
EU-Suen als Incitatioun fir Migranten ophuelen
EU-Migratiouns-Sträit: Bréissel proposéiert, Flüchtlingszentere mat EU-Suen ze bezuelen. Fräiwëlleger gëtt et bis elo awer nach ëmmer keng.
-
Sebes - Nei Opbereedungsanlag zu Eschduerf
2021 entsteet eng nei Opbereedungsanlag. Déi aktuell Anlag beim Stauséi, Baujoer 1969, stéisst duerch de Wuesstem vun der Populatioun un hir Grenzen.
-
Den Donald Trump bréngt EU a China méi no beieneen
China an d'EU komme sech méi no - virun allem wéinst der Politik vum Donald Trump. Allerdéngs ass bis elo vill Rhetorik derbäi.
-
"Déi lescht Wanderschéiferei zu Lëtzebuerg"
D'Myriam an de Florian Weber sinn, wéi si selwer soen "déi lescht Wanderschéifer" zu Lëtzebuerg. Wat sinn hir Erausfuerderungen? E Reportage.
-
Gesondheetskäschten an demografesch Entwécklung
Bis 2045 kéint, dem Fuerschungsinstitut LISER no, de Budget fir d'Gesondheetsausgabe fir Persounen tëscht 50 a 99 Joer ëm 135 Prozent klammen.
-
Wat bréngt den EU-Handelsaccord mat Japan?
Déi Responsabel an der EU si stolz, dee bis elo gréisste Fräihandelsaccord dës Woch ënnerschriwwen ze hunn. Et gëtt awer och Kritik.
-
Héichwaasser zu Greiweldeng: sechs Wochen duerno
Eng 30 Haiser zu Greiweldeng ware vum Héichwaasser den 1. Juni betraff. D'Ongewëssheet wier mat dee gréisste Problem, esou eng betraffe Fra.
-
Jean Asselborn: "Ech si vläicht e bëssen isoléiert an der EU"
D'EU muss dru schaffen intern nees eng Gemeinschaft hierzestellen, seet den Ausseminister Jean Asselborn am 100,7-Interview.
-
"Op der Aarbecht lieft een och"
An der Industriezon Ecopark Wandhaff solle Mënsch, Ëmwelt an Ekonomie verbonne ginn. Nieft grousse Firmen héiert ee hei Villercher päifen.
-
Mënschrechter: wat fir eng Responsabilitéit fir Entreprisen?
Fräiwëlleg Autoregulatioun oder gesetzlech bindend Regelen? Sechs Politiker diskutéieren iwwer Méiglechkeeten an d'Grenzen.
-
Steier-Evasioun: D'Roll vun de Big Four
D'Audit- a Berodungs-Gesellschaften Deloitte, KPMG, Ernst & Young a PWC hätten ze vill Influenz op d'Politik géint Steierevasioun, seet de Corporate Europe Observatory.
-
De Friddensvertrag mat der FARC a Gefoer
Ënner dem neie kolumbianesche President Ivan Duque kéint de Friddensvertrag mat der Guerillagrupp FARC opgeléist ginn.
Net verpassen
-
Suicidegefor am Alter: En Tabuthema
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen