Den amerikanesche Musical

Martine Reuter

Musek war ëmmer e feste Bestanddeel vum Kino an dat ëmsou méi vun deem Moment un, wéi endlech um groussen Ecran geschwat, gesongen a gedanzt gouf. Vun 1927 un huet de Musical de Public begeeschtert. Um Ufank vun de 50er Joren huet de Film-Musical säin Héichpunkt gefeiert a sech zënterhier ëmmer erëm nei erfonnt.

Hooray fir Hollywood an déi aner Säit vum Reebou (1935-39)

De Fred Astaire steet um Héichpunkt vu senger Karriär, mä de Krees vun erfollegräichen Dänzer a Museker gëtt ëmmer méi grouss: Bing Crosby, Dick Powell a Louis Armstrong sinn Enn vun den 30er net méi vum Kinosecran ewechzedenken. Den Nowuess ass och scho prett, am Alter vun nëmme 16 Joer spillt d'Judy Garland d'Haaptroll am "The Wizard of Oz" a sengt "Over the Rainbow".

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen