Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

René Winkin, FEDIL-Direkter

René Winkin (FEDIL)

Wéi eng Zukunft huet d'Industrie hei am Land? Doriwwer schwätze mir an eiser Emissioun "Riicht eraus" mam FEDIL-Direkter. Mam René Winkin thematiséiere mir d'Pläng fir nei industriell Betriber zu Lëtzebuerg, d'Zukunft vun ArcelorMittal Diddeleng an d'Erwaardunge vun der FEDIL am Virfeld vun de Chamberwahlen 2018. Déi multi-sektoriell Fedératioun vertrëtt 585 Member-Betriber.

"Riicht eraus" mam René Winkin gëtt vum Serge Kesseler moderéiert.

Rezent Emissiounen

  • Jacques Drescher

    Mam Matgrënner vun der satirescher Wochenzeitung Feierkrop gëtt déi politesch Geschicht a Géigewaart vum Lëtzebuerger "Ländchen" beliicht.

  • Gëtt et e Lëtzebuerger Konschtmarché?

    Eng Diskussiounsronn mat de Kënschtlerinnen Trixi Weis a Suzan Noesen an dem Art Week Organisateur a Galerist Alex Reding am Virfeld vun der Luxembourg Art Week.

     

  • Mr. (Alters-)President

    E Gespréich mam Gast Gibéryen, dem déngschteelsten Deputéierten, iwwer seng politesch Carrière, déi lescht Wahlen an dat, wat se ausgeléist hunn.

  • Wéi en Zukunftsprojet fir Blo-Gréng-Rout?

    Wéi ass d'Iddi vun deem Block ouni d'CSV entstanen? A wat kënnen d'DP, déi gréng an d'LSAP déi nächst fënnef Joer eventuell besser maachen?

  • De Büffel

    De Lëtzebuerger Country-Sänger Buffalo C Wayne kuckt zeréck op seng Carrière.

  • Spezial Wahlen: Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?

    Et diskutéieren: Jerry Weyer, Sam Tanson, Alex Bodry, Gilles Roth, Ali Ruckert, Pierre Gramegna, Alex Penning, Carole Thoma, Mario May.

  • Diskussiounsronn mat JournalistInnen

    Caroline Mart vun RTL, Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land a Jean-Lou Siweck vum Tageblatt

  • Gutt geschafft oder "peut mieux faire"?

    Bilan blo-rout-gréng an Ausbléck: Blanche Weber, Presidentin vum Mouveco; André Roeltgen, President OGBL; Rolf Tarrach, fréiere Rekter Uni; Michel Wurth, President UEL

  • Carlo Thill (BGL BNP PARIBAS )

    40 Joer laang bei enger Bank aktiv. An enger Finanzwelt mat ville Verännerungen.

  • Filmproduktioun zu Lëtzebuerg: E Secteur an der Kris?

    G. Daleiden, Direkter vum Film Fund Luxembourg, P. Thiltges, Produzent a President vun der ULPA, N. Steil, Produzent a Sekretär vun der ULPA a B. Michaux, Produzent bei Samsa Film.

  • Héichleeschtungssport zu Lëtzebuerg

    Encadrement, Hëllef an Ennerstëtzung: Si mir um Zil ukomm oder feelt nach eppes? Et diskutéieren: Charline Mathias, Raymond Conzemius, Alwin de Prins a Frank Eicher.

  • Politesch Bildung zu Lëtzebuerg: Méiglechkeeten a Grenzen

    Et diskutéieren: Nora Back (OGBL), Paulina Dabrowska (Kannerbüro Wolz), Marc Schoentgen (ZpB), Jean-Lou Siweck (Editpress), Renée Wagener (Publizistin an Historikerin).

  • Jean-Jacques Rommes

    De Jean-Jacques Rommes hält als Generaldirekter vum Patronatsdaachverband op. Ee Gespréich iwwer seng Carrière a seng Siicht op d'Finanzplaz, de Sozialdialog an d'Regierungsaarbecht.

  • De Lucien Blau an de Jean Back

    Zwee Zäitzeien ërennere sech un déi turbulent Zäite vum grousse Schülerstreik am Escher Jongelycée 1971.

  • Norbert Campagna a Samuel Hamen

    Hunn Intellektueller viru Populiste kapituléiert? Iwwer den Zoustand vum intellektuellen Debat zu Lëtzebuerg diskutéieren e Philosoph an e Germanist.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen