Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

René Winkin, FEDIL-Direkter

René Winkin (FEDIL)

Wéi eng Zukunft huet d'Industrie hei am Land? Doriwwer schwätze mir an eiser Emissioun "Riicht eraus" mam FEDIL-Direkter. Mam René Winkin thematiséiere mir d'Pläng fir nei industriell Betriber zu Lëtzebuerg, d'Zukunft vun ArcelorMittal Diddeleng an d'Erwaardunge vun der FEDIL am Virfeld vun de Chamberwahlen 2018. Déi multi-sektoriell Fedératioun vertrëtt 585 Member-Betriber.

"Riicht eraus" mam René Winkin gëtt vum Serge Kesseler moderéiert.

Rezent Emissiounen

  • Esch 2022: DynaMinett?

    Et diskutéieren: Guy Arendt, Staatssekretär fir d'Kultur, Pim Knaff, Escher Kulturschäffen, Ralph Waltmans, Escher Kulturcoordinateur an Andreas Wagner, Coordinateur Esch 2022.

  • Ausbléck 2018

    Mir kucken op d'Chamberwahlen 2018 zu Lëtzebuerg an enger Welt, déi sech verännert. Mat, ënner anerem, der Analys vum Philippe Poirier. 

  • François Bausch

    Dat war 2017: E Réckbléck op déi politesch, kulturell a sportlech Evenementer, déi dëst Joer gepräägt hunn.

  • Alex Bodry vs Claude Wiseler

    Budget 2018, Mindestloun, Pensiounen. Doriwwer diskutéieren d'Fraktiounspresidente Claude Wiseler (CSV) an Alex Bodry (LSAP).

  • Flüchtlingen - nom Accueil, d'Integratioun

    Et diskutéieren d'Familljen - an Integratiounsministerin Corinne Cahen (DP), d'CSV-Deputéiert Martine Mergen, den Yves Schmidt (Caritas) an d'Laura Zuccoli (ASTI).

  • D'Juegd: Bluttsport oder Aarteschutz

    Et diskutéieren de Georges Jacobs, President vun der Jeeërfederatioun a Camille Gira, Staatssekretär am Nohaltegkeets- an Infrastruktur-Ministère.

  • Hubert Wurth

    Den Invité war bis den Abrëll Ambassadeur zu Wien. Elo ass hien an der Pensioun. Den Hubert Wurth ass och am Konschtberäich aktiv.

  • D'Zukunft vun der Aarbecht

    Déi drëtt industriell Revolutioun mat der Digitaliséierung vun der Wirtschaft verännert net nëmmen d'Aarbechtswelt.

  • Robert Garcia

    Matgrënner vun der grénger Partei, Deputéierten, vum 1. Januar un am Diddelenger Gemengerot, Coordinateur vum Kulturjoer 2007 an Direkter vun de Rotonden

  • Konschtpräis oder Trouschtpräis?

    An de leschte Jore sinn ëmmer méi verschidde Forme vun Auszeechnungen an der bildender Konscht zu Lëtzebuerg entstanen.

  • Home Sweet Home

    De President vun der Chambre Immobilière Jean-Paul Scheuren, den Immobilien-Agent Dan Beck, an den Architekt Jos Dell diskutéieren iwwert d'Lëtzebuerger Wunnproblematik.

  • Frankfurt op Lëtzebuergesch?

    Diskussioun op der Frankfurter Buchmesse mat ë. a. dem President vun den Editeure M. Schortgen iwwert d'Plaz vun der Literatur aus Lëtzebuerg am Ausland.

  • Kann zu Lëtzebuerg eng Museksindustrie entstoen?

    Mam Marco Battistella vum Kulturministère, dem Museker Sacha Hanlet, Sam Reinard vum Rocklab an Giovanni Trono vum Exportbureau

  • Diskussiounsronn iwwer d'Zukunft vun der Press

    Aktuell a fréier Journalisten diskutéieren iwwer d'Ännerungen am Lëtzebuerger Wort an iwwer d'Zukunft vun der (Dages)press zu Lëtzebuerg.

  • Serge Allegrezza & Gilles Hempel

    Den Direkter vum Statec an den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale diskutéieren iwwert déi sozio-ekonomesch Entwécklung vu Lëtzebuerg a senge Gemengen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen