Riicht eraus

Eng Stonn Hannergrondinformatioun: en Invité steet Ried an Äntwert zu der Aktualitéit.

René Winkin, FEDIL-Direkter

René Winkin (FEDIL)

Wéi eng Zukunft huet d'Industrie hei am Land? Doriwwer schwätze mir an eiser Emissioun "Riicht eraus" mam FEDIL-Direkter. Mam René Winkin thematiséiere mir d'Pläng fir nei industriell Betriber zu Lëtzebuerg, d'Zukunft vun ArcelorMittal Diddeleng an d'Erwaardunge vun der FEDIL am Virfeld vun de Chamberwahlen 2018. Déi multi-sektoriell Fedératioun vertrëtt 585 Member-Betriber.

"Riicht eraus" mam René Winkin gëtt vum Serge Kesseler moderéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen