Klassik Live

De radio 100,7 iwwerdréit live aus Concertssäll. Zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus.

Den Dirigent Paavo Järvi

Nordesch Kläng

Ob Tolkien, Wagner oder Sibelius - déi nordesch Mythologie, den Zauber an d'Geheimnis vun de Legende ronderëm d'Walhall oder de finneschen Epos Kalevala faszinéieren an inspiréiere Literaten a Komponisten zënter jeehier. Dës fantasieräich Stëmmung bréngen den Dirigent Paavo Järvi an de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg den 20. Abrëll an de groussen Auditorium vun der Philharmonie. Als gebuerenen Est ass de Paavo Järvi an dësem kulturhistoreschen Ëmfeld doheem an et verwonnert net, datt den Dirigent och Musek vu sengem Landsmann Erkki-Sven Tüür mat op Lëtzebuerg bréngt. De Paavo Järvi, Fils vum Neeme Järvi a Brudder vum Kristjan Järvi, Chefdirigent vum MDR-Symphonieorchester, ass dës Saison Artist in Residence an der Philharmonie. Am Januar war hie scho mam estnesche Festivalorchester am Concertshaus, am Juni kënnt hie mat der Deutschen Kammerphilharmonie Bremen, mat där de Paavo Järvi eng remarkabel Intégrale vum Ludwig van Beethoven senge Symphonien enregistréiert huet.

Programm:

  • Jean Sibelius (1865-1957): Nachtritt und Sonnenaufgang op.55
  • Erkki-Sven Tüür (*1959): Prophecy, fir Akkordeon an Orchester
  • Richard Wagner (1813-1883): Siegfried-Idyll
  • Ludwig van Beethoven (1770-1827): Symphonie Nr. 4

Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
​Ksenija Sidorova, Akkordeon
Paavo Järvi, Direktioun

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen