Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

Confluences

Confluences - et geet ëm den Afloss vum Richard Wagner op aner Komponisten a Wierker. Dat éischt Stéck um Programm ass d'Virspill zu der Oper "Tristan und Isolde", eng Kompositioun déi d'Museksgeschicht wéi kaum eng aner beaflosst huet. Et ass en Orchesterwierk, dat nieft der Harmonik virun allem duerch seng raffinéiert Instrumentéierung a säi groussen dynameschen Opbau ervir stécht. Um Disque fënnt een dëst Virspill an engem Arrangement vum Maurice Clement, an deem hien dës Charakteristiken ervir bréngt.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen