Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

© Monika Schulz-Fieguth

Den David Ianni

Am Kader vu "My Urban Piano" reest den David Ianni duerch Europa a léisst sech vu Stied fir seng Kompositiounen inspiréieren. Ee Joer ass et hier, datt hien dëse Projet lancéiert huet. Nieft der fuschneier Orchesterfassung vun "Train of Dreams", dem éischte Stéck vu "My Urban Piano", presentéiert hien dem Luc Boentges Musek a Museker, déi säi Liewe markéiert hunn.

Playlëscht:

  1. Ludwig van Beethoven: Symphonie Nr. 5
  2. Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Piano Nr. 19
  3. Franz Liszt: Etude d'exécution transcendante Nr. 5
  4. Gustav Mahler: Symphonie Nr. 2
  5. Francesco Tristano: Grey Light
  6. David Ianni: Train of Dreams (Orchesterfassung)
  7. Serge Tonnar: Bonjour & Awuer
  8. Lisa Berg: Ghosts
  9. John Williams: Song for World Peace
  10. Johann Sebastian Bach: "Dona Nobis Pacem" aus der Mass a Si Mineur

Rezent Emissiounen

  • Serge Tonnar

    De Lëtzebuerger Museker a Komponist bréngt senger Musek mat. Rieds geet och iwwert e neien Album vun him mat Legotrip.

  • Olivier Garofalo, e Liewen am Theater

    Den Dramaturg, Dramatiker a Regisseur, aktuell um ETA Hofmann-Theater zu Bamberg, presentéiert seng musikalesch Visittekaart.

  • De Paul Fox

    De Lëtzebuerger Batteur lauschtert logescherweis vill Jazz, mä net nëmmen. Eng iwwerraschend musikalesch Visittekaart.

  • Laurent Loschetter

    De Patron vum Atelier ass d'ganzt Joer iwwer vu Musek ëmginn - fierft d'Programmatioun an der Hollerecher och op säi private Museksgoût of?

  • D'Myriam Muller

    Den Theater bestëmmt der Actrice hiert Liewen, professionell an och privat. Theater ass méi wéi just e Beruff: Theater ass Passioun.
     

  • Daniel Balthasar

    De Lëtzebuerger Singer-Songwriter, deen am Mäerz säin neien Album erausbréngt, presentéiert Lidder, déi hien a sengem Liewe markéiert hunn.

  • De Georges Hausemer

    Invité ass de Lëtzebuerger Auteur, Reesschrëftsteller, Zeechner an Iwwersetzer.

  • De Pascal Schumacher

    De Vibraphonist lauschtert net nëmmen Jazz.

  • Karin Kremer: E Minettsdapp zu Miersch

    D'Directrice vum Kulturhaus Miersch, Karin presentéiert hir musikalesch Visittekaart, déi vu grousse Stëmme, markéiert ass.

  • Den David Laborier

    Den Jazz-Gittarist, Komponist an Arrangeur stellt d'Musek fir dës Stonn zesummen ... a geet dobäi bis an d'jazzy sixties zréck.

  • De Maurice Clement

    Den Organist-Titulaire vun der Philharmonie

  • D'Stephany Ortega

    Iwwert de Chouergesank huet d'Sopranistin aus der Dominikanescher Republik de Wee an eng Solo-Carrière fonnt.

  • De Jean Müller

    Vill Klassik, e bëssen Jazz a Rock an der musikalescher Visittekaart vum Pianist

  • John Rech

    De 46 Joer ale Museker a Musekprogramméierer bei der Gemeng Diddeleng setzt Musek mat Passioun gläich.

  • Nico Binsfeld: Direkter vun House of Training

    Klassik a Rock steet um Programm vun der musikalescher Visittekaart.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen