Espresso Beats

Philippe Hansen

All Woch reent et nei Relasen déi d'Museklabelen uechter d'Radiolandschaft schécken. Am Espresso Beats maache mir all Samschdeg de Choix a proposéieren eng Selektioun vun topaktuellen Titelen ... dacks schonns virun hirer offizieller Sortie! Als Vintage-Beitrag kucke mir doriwwer eraus op en eelere Song deen Androck hannerlooss huet. Mam Philippe Hansen.

Philippe Hansen, Anne Georges, Marc Clement

EspressooOOOOoooo

De Philippe Hansen proposéiert diversifiéiert Musek aus der nationaler an internationaler Indie-, Pop- a Rockzeen.

De Mark Linkous, eenzege feste Member vun der Band Sparklehorse bréngt 1998 mat "Good Morning Spider" e Meeschterwierk eraus, op deem "Painbirds" erausstécht: E Ruff no engem Reen, deen ni kënnt. Musek op der Grenz tëschent Liewen an Doud. Dem Marc Clement säi Choix an der Rurbik Twenty/Twenty.

Dem Anne Georges säi Coup-de-Coeur, an der Rubrik Frësch Gepresst, kënnt vun engem Soundbasteler. De Londoner Produzent Paul White huet sech fir "Spare Gold" déi südafrikanesch Sängerin Shungudzo mat u Bord geholl. Cool Hip Hop Beats a pertinent Lyrics, déi dem Anne wonnerbar an de Weekend hëllefen.

Nieft dem Concertstipp lafen déi bescht nei Indie Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vu Prophet, Gaz Coombes, Palace Winter, Noel Gallagher's High Flying Birds a Molly.  

Rezent Emissiounen

  • Op der Front vun der neier Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéën a sëlleche Coup-de-Coeuren

  • Herrlech Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • De Nirvana vun der neier Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • Super Duper Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop- a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-Coeuren.

  • Nei Musek à gogo!

    Neies aus der internationaler Pop a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Ultra Nei Musek!

    Neies aus der internationaler Pop a Rockzeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Nei Nei Nei a Gutt!

    Neies aus der internationaler Pop a Rock Zeen mat villen Invitéen a sëlleche Coup-de-coeuren.

  • Nei Musek a villes méi!

    National an international rezent Verëffentlechungen, Coup-de-coeuren an eng Rei Invitéeën.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen