Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Admissiounsstopp beim SCAP

Ëmmer méi Eltere vu Kanner mat psychomotoreschen oder Opmierksamkeetsstéierunge siche professionell Hëllef: Eng Entwécklung déi déi zoustänneg Servicer un hir Limitte bréngt, wéi elo de SCAP. Den Service, dee vun enger ASBL geréiert gëtt, bitt Berodung an Ënnerstëtzung fir Jonker, déi zum Beispill ënner engem Opmierksamkeetsdefizit leiden. Wéinst der héijer Demande huet de SCAP d'lescht Woch een Admissiounsstopp verhaangen - bis de Mäerz d'nächst Joer kënne keng nei Clienten ugeholl ginn. Wat dat bedeit, huet d'Christiane Kleer nogefrot.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen