KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Gustav Holst (1874-1934)

1874 gëtt de Gustav Holst zu Cheltenham gebuer. Och wann hie spéider mat sengem Wierk "D'Planéiten" weltbekannt gëtt a vill zu London ënnerwee ass, zitt et hien ëmmer nees zeréck an d'Ëmgéigend vu senger Heemechtsstad. Deementspriechend vill Plaze ginn et, déi am Gustav Holst sengem Liewen eng Roll spillen. 2014 huet den "Holst Birthplace Museum" dës Plaze mat engem Wanderwee verbonnen an e passende Guide erausbruecht.

De Luc Boentges invitéiert op dës Rees iwwer 56 km duerch dem Gustav Holst säi Liewen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen