Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

D'Walpurgisnuecht

All Joers an der Nuecht op den éischte Mee treffe sech d'Hexen fir d'Walpurgisnuecht ze feieren. Héich uewen op engem Bierg danze si ronderëm e Feier a probéieren den Däiwel erbäizeruffen. De Luc Boentges huet eng Playlëscht zesummegestallt, mat Musek iwwer Hexen, Hexemeeschter, Zauberer an Dänz.

 

Rezent Emissiounen

  • Fussballverréckt Klassiker

    Phänomenal Goaler, legendär Spiller a Matcher, déi an d'Geschicht agaange sinn. Evenementer, déi och Komponiste beweegen.

  • Pathétique

    Wat stécht hannert dëser Wierksbezeechnung?

  • Inspiratiounen aus aller Welt

    Iwwer Komponisten a wat si alles esou vun hire Reese mat heem geholl hunn.

  • Nieft de Planéiten

    Wann engem de Gustav Holst e Begrëff ass, dann dacks just wéinst sengem Wierk "D'Planéiten". Mä wat huet hien do dernieft alles komponéiert?

  • D'Walpurgisnuecht

    Hexen, Hexemeeschter a vill Zauberei

  • 4 Joreszäiten an der Spéitromantik: de Joachim Raff

    Vum däitsche Starkomponist, deen zu Liewenszäite mat Brahms a Wagner verglach gouf, gëtt haut kaum nach e Wierk gespillt.

  • Eng Stäip vun der Mannheimer Klassik

    D'Famill Stamitz

  • Veriewt

    Iwwer Talenter, Instrumenter a Melodien, déi sech iwwer Generatiounen ewech gehalen hunn

  • Vu Russland an d'Welt

    De Remy Franck presentéiert eng Emissioun ënnert dem Titel: Wa russesch Komponisten an aner Länner kucken

  • Aarbecht

    Komponisten an hir Relatioun zur Aarbecht

  • Den Henry Charles Litolff

    Deem englesche Komponist a Pianist seng Biographie liest sech wéi e Roman: Musek, Fraen, Prisong, Drama, Revolutioun.

  • X-MAS around the world

    Musikalesch Traditiounen op Chrëschtdag.

  • Wa Komponiste fir Kanner an iwwer Kanner schreiwen ...

    ... dann entsti Meeschterwierker: "Childrens Corner" vum Debussy, "Danzas de Criancas" vum Villa Lobos, "Dolly Suite" vum Fauré.

  • De Ravel am Kannerzëmmer

    D'Kannerséil an der Musek vum franséische Komponist

  • Russland

    Tschaikowski, Rachmaninow, Rimski-Korsakow a méi

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen