Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

CD-Cover - Colibrì Ensemble

De Schumann a säin Zäitgenosse Burgmüller

De Robert Schumann kennt jiddereen, den Norbert Burgmüller aus dogéint haut komplett vergiess. An dach hunn déi zwee Komponiste vill gemeinsam.

De Label Odradek huet en Disk erausgi mam Pianosconcerto vum Robert Schumann an där zweeter Sinfonie vum Norbert Burgmüller. De Pianist Alexander Lonquich wierkt als Pianist an als Dirigent, begleet vum Ensembel Colibri.

De Manuel Ribeiro lauschtert sech d'Opnam méi genee un.

  • CD: Schumann - Bergmüller / Alexander Lonquich - Colibrì Ensemble
  • Label: Odradek ODRCD355
  • Interpretatioun: 4/5
  • Klangqualitéit: 4/5

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen