Den amerikanesche Musical

Martine Reuter

Musek war ëmmer e feste Bestanddeel vum Kino an dat ëmsou méi vun deem Moment un, wéi endlech um groussen Ecran geschwat, gesongen a gedanzt gouf. Vun 1927 un huet de Musical de Public begeeschtert. Um Ufank vun de 50er Joren huet de Film-Musical säin Héichpunkt gefeiert a sech zënterhier ëmmer erëm nei erfonnt.

Matrousen zu NY an Hollywood a Piraten aus der Karibik (1945-49)

An der zweeter Halschent vun de 40er Jore wëllen d'Amerikaner virun allem eppes: Ënnerhalung, an dat geléngt dem neie Musical-Star Gene Kelly mat engem ganz eegenen, athletesch gepräägten Danzstil. Dës Zäit ass och markéiert duerch eng schwiereg Period fir eng grouss Actrice a Sängerin: d'Judy Garland.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen