Sexy-Mini-Super-Flower-Pop-Op-Cola - alles ist in Afri-Cola

Mee '68 war och eng Revolutioun an der bildender Konscht. Plakater waren den neie Medium. D'Wourecht stoung nees op de Maueren an net an der Zeitung, sou hunn et op d'mannst d'Paräisser Studenten empfonnt. Et war e Moment, an deem Konscht nees eng direkt Verbindung zu deem hat, wat an der Strooss geschitt ass. Eng nei visuell Kultur huet sech entwéckelt, et gouf anescht geduecht an deemno och anescht illustréiert a gemoolt: poppeg a politesch zugläich. Mee d'Biller an d'Ikone vun '68 si ganz séier zu deem verkomm, wat se am meeschte kritiséiere wollten: zu Biller vun der Konsumgesellschaft.

"Guerrillero Heroico" 05.03.1960 , Alberto Korda

Biller vum Che

Am Kontext vu Mee '68 huet sech eng nei visuell Kultur entwéckelt, et gouf anescht geduecht an deemno och anescht illustréiert a gemoolt: poppeg a politesch zugläich. An der Serie iwwer d'Biller an d'Ikone vun '68 geet et awer och drëms, wéi si ganz séier zu deem verkomm sinn, wat si am meeschte kritiséiere wollten: zu Biller vun der Konsumgesellschaft. Eng kleng Konschtgeschicht vum Christian Mosar vum Mee '68 a senge Protagonisten:

Éischt Kapitel: de Portrait vum Che: eng Ikon vu Mee '68? Et ka sinn, datt dem Alberto Korda säi fotografesche Portrait vum Che dat am meeschte reproduzéiert Bild iwwerhaapt ass.

Rezent Emissiounen

  • D'Affichë vu Mee 68

    "Il est interdit d'interdire", konnt ee am Mee 68 op der Mauere vu Paräis liesen ...

  • Psychedelia an Undergroundkultur

    Vum Summer of Love bis zu den ufanks 70er koum, virun allem aus den USA a Groussbritannien, eng nei a virun allem populär Popesthetik mat hire Formen a Figuren.

  • De Look vun 68

    Gammler a Provo géint Spiessbürger

  • Biller vum Che

    De Portrait vum Che: eng Ikon vu Mee '68?

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen