World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

Orlando Julius & the Heliocentrics live

De Rendez-Vous mat de Musiques du monde féiert an Nigeria, op Lagos, wou den Orlando Julius doheem ass ... wann en dann net op Tour ass an d'Mëschung aus senger afrikanescher Musek mat Jazz, Soul, Funk ënner d'Leit bréngt.

Den Orlando Julius ass Saxophonist, Sänger, Bandleader, Komponist a seet sech, wéi vill Museker vu sengem Kontinent, beaflosst vu sengem Landsmann Fela Kuti -  dee sengersäits huet zäitliewens den Julius als Haaptafloss fir seng Musek an den Afrobeat generell genannt. An de siechzeger a siwwenzeger Joren - der grousser Afrobeat-Zäit -  war den Orlando Julius besonnesch a Nigeria e gefeierte Star, hien ass och ë. a. an de States getourt, mee de groussen Duerchbroch ass no Joren, an deenen een net vill vun him héieren huet ufangs den 2000er komm - erstaunlecherweis mat Musek vun him, déi erëmentdeckt gouf, et war de Re-issue vu sengem 1966er Album "Super Afro Soul", deen hie mat senger deemoleger Band, de Modern Aces opgeholl hat, deen esou muenches an d'Rulle bruecht huet. Rough Trade war fir dës Re-Publicatioun vum Original-Polydor-Album verantwortlech.

Orlando Julius in concert, dat sinn déi gutt 45' Minutten, déi den Owend bei eis lafen: et ass déi ganz Session, déi am vergaangenen Oktober vun der englescher BBC an hire Studioen opgezeechent gouf an eis via d'EBU, d'European Broadcast Union, zur Verfügung gestallt goufen. Interessant ass de Line-up, d'Besetzung, well hei d'Museker vun den Heliocentrics derbäi sinn - dat ass déi Band, déi zu London baséiert ass an an de leschte Jore vill mam Orlando Julius zesummegespillt huet an op Tour war. Um Label Strut ass 2014 e wonnerbare gemeinsamen Album erauskomm.

Dës Museker stounge leschten 28. Oktober 2017 op der Bühn: Adrian Maurice Owusu (Gittar), Jack Yglesias (Congas), Jake Ferguson (Bass), Jay Phelps (Trompett), Latoya Ekemode (Perkussioun), Malcolm Douglas Catto (Drums) an natierlech den Orlando Julius Ekemode, esou säi kompletten Numm fir Gesang, Saxophone a Keyboard). Gespillt ginn exklusiv Kompositiounen vum Julius.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Panorama

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen