Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Dr. Aristides de Sousa Mendes |Flüchtlings-Routen an Europa - Visa | Fotoen: SOUSA MENDES FOUNDATIOUN

Wien e Liewe rett, dee rett d'Welt

Den Dr. Aristides de Sousa Mendes do Amaral e Abranches (1885-1954) huet am Laf vum Zweete Weltkrich als portugisesche Generalkonsul ëm déi 30.000 Mënsche vun deenen ënnerschiddlechsten Nationalitéite virum sécheren Doud gerett, andeems hien hinnen -  géint den ausdrécklechen Uerder vum Diktator Salazar -  illegal Visaen ausgestallt huet. Hie gëtt dowéinst och sécherlech mat Recht als Schindler vu Portugal bezeechent. Vu Lëtzebuerger Säit aus verdéngt den Aristides de Sousa Mendes, als laangjärege Generalkonsul, awer ganz besonnesch Unerkennung, well hien niewent enger Rei Matbierger aus Lëtzebuerg, och der groussherzoglecher Famill an der Regierung, no der däitscher Invasioun am Joer 1940, d'Emigratioun an den Exil an Iwwerséi in extremis erméiglecht huet.

E Virtrag vum 19. Mäerz zu Bäreldeng am Clubhaus Am Becheler vum Philolog an Enseignant fir Lëtzebuerger Sprooch, Kultur a Literatur, Jeff Baden. 

Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Flüchtlings-Routen no Frankräich, Spuenien an de Portugal, fir de Kontinent ze verloossen © SOUSA MENDES FOUNDATION

Visa, ënnerschriwwe vum Generalkonsul, Aristides de Sousa Mendes © SOUSA MENDES FOUNDATION

Linken zu der SOUSA MENDES FOUNDATION - Leschte mat de Nimm vun der Groussherzoglecher Famill (1), hirem Begleetpersonal, der Regierung Dupong/Krier (2) an hirer Famill. Si all kruten hir Pabeier, fir den 10. Mee 1940 kënnen iwwer Portugal auszereesen, vum Aristides de Sousa ennerschriwwen. 

(1) http://sousamendesfoundation.org/family/luxembourg

(2) http://sousamendesfoundation.org/family/bech-bodson-busch-dupong-elvinger

Jeff Baden, den 19.3.2018 am Clubhaus Am Becheler  Foto: Carlo Link

 

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen