Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

Zwee mol Gei a ré

Zhi-Jong Wang ass eng chinesesch Geiistin, déi hir Ausbildung zu Shanghai ugefaangen an an Däitschland mat groussem Erfolleg ofgeschloss huet. Hire Repertoire geet vum Barock bis an déi haiteg Zäit. Mam Philharmonia Orchestra ënner der Direktioun vum Thomas Sanderling huet d'Zhi-Jong Wang elo en CD bei Accentus erausbruecht. Um Menü: dem Sibelius säi Geieconcerto a ré mineur, dem Igor Stravinsky säi Geieconcerto a ré majeur an e Stéck fir Gei solo vum Lu Pei.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen