Den amerikanesche Musical

Martine Reuter

Musek war ëmmer e feste Bestanddeel vum Kino an dat ëmsou méi vun deem Moment un, wéi endlech um groussen Ecran geschwat, gesongen a gedanzt gouf. Vun 1927 un huet de Musical de Public begeeschtert. Um Ufank vun de 50er Joren huet de Film-Musical säin Héichpunkt gefeiert a sech zënterhier ëmmer erëm nei erfonnt.

Shakespeare als Musical an den Gene Kelly am Reen (1950-54)

D'50er Jore sinn nach eemol ganz gënschteg fir de Musical och wann de klengen Ecran doheem dem groussen am Kino Konkurrenz mécht. Lues a lues verännere sech Produktiounen, se fänken u manner opwenneg ze ginn, an dacks ginn nach just Broadway Stécker ëmgesat. Aus dëser Zäit staamt awer och de Film, dee fir déi meescht Spectateure Synonym fir de beschte Musical ass.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen