Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Live am Studio 8: d'Winklepickers Roger Melcher a Roland Meyer (Fotos: fdm)

The Winklepickers: exklusiv, live & ofgespeckt

Ofgespeckt, stripped down, esou den offiziellen Term, op dat Wiesentlecht reduzéiert: déi zwee Lëtzebuerger Museker Roger Melcher (Gesang, Mondharmonika) a Roland Meyer (Gittaren) interpretéieren eng etlech Blues- a Rockklassiker op hir Manéier, andeems si dës Lidder an hir eenzel Bestanddeeler zerleeën a just den essentielle Charakter vun der Kompositioun zréckbehalen, dobäi op déi gewinnte Begleedung vu Bass, Tasteninstrument, Perkussiounen ... verzichten. Och mam elektresche Stroum gi si spuersam ëm, de Stil ass semi-akustesch.

Presentéiert gëtt dëse Programm ënner dem Bandnumm The Winklepickers: dës Formatioun war jorelaang als Quartett an der Zeen bekannt, d'Aktivitéite sinn nom Doud vum Bassist Paul Lebrun allerdéngs op Äis geluecht ginn. Fir de Summer soll den Duo erëm Verstäerkung kréien, déi nei Winklepickers - erëm zu véier - stinn an de Startlächer. Op d'mannst bis dohinner leeft dësen Nieweprojet mat ofgespecktem musikalesche Kascht. Méi wéi wahrscheinlech esouguer méi laang.

Am Studio 8 vum radio 100,7 hunn de Roger Melcher an de Roland Meyer dës Titele live agespillt: "Ride on Josephine/ Mona" (am Original vum Bo Diddley), "Wait on time" (Kim Wilson), "I've Been Drinking Muddy Water" (Mississippi Fred Mc Dowell), "Guard my Heart" (en Traditional), "Hey Gip" (Donovan) an de Led Zeppelin-Klassiker "Rock'n Roll", eng Jimmy Page/Robert Plant-Kompositioun. Opgeholl an ofgemëscht huet als Techniker de Chris Simon.

Déi zwee Museker si Studiogäscht beim Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • The Rolling Stones - Blue & Lonesome

    2016 koum de Rolling Stones hiren 23. Album eraus, eng CD, déi komplett am Blues gehale gouf. 12 Cover-Songs, déi alleguerten am Stil an am Rhythmus stëmmen.

  • Live Blues

    Mat Extraiten aus de Concerte vum Reidar Larsen & the Blues Bastards (Norwegen), Juke (USA) an John Mayall (GB)

  • Chris Youlden

    Den englesche Bluesmann huet virun allem Enn der 60er Jore mat der Savoy Brown Blues Band Akzenter gesat.

  • Beth, Jimmy & Eises

    Extraiten aus den neie Live-Albumen vu Beth Hart an Jimmy Cornett an eng déck Portioun Lëtzebuerger Blues

  • Mick Fleetwood: Blue Again!

    De Mick Fleetwood huet a senger Bluesband e prominente Gittarist derbäi: de Rick Vito. Déi richteg Leit fir en Duebelalbum voller Klassiker.

  • Jimi songs

    Cover-Versiounen, déi och alt emol d'Héiergewunnechten änneren, déi ee sech beim Hendrix-Repertoire zougeluecht huet ...

  • Robben Ford live

    Live-Opname vum amerikanesche Gittarist, queesch uechter seng Karriär

  • Graham Bond

    E Portrait vum 1974 verstuerwenen englesche Sänger, Saxophonist a Keyboarder, deen d'Hammonduergel mat an de Blues bruecht huet.

  • The Winklepickers: exklusiv, live & ofgespeckt

    Den Duo Roger Melcher (Gesang, Harp) a Roland Meyer (Gittaren), live opgeholl am Studio 8 vum radio 100,7.

  • Jack Bruce - The 50th Birthday Concerts

    Am November 1993 huet de Bassist Jack Bruce zwee wonnerbar Concerten zu Köln am E-Werk gespillt, an zwar fir säi 50. Geburtsdag ze feieren.

  • Rough Blues vun hanner der Grenz

    Als Gäscht derbäi: déi saarlännesch Formatioun Stompin Heat mat hirem Live-Album, dee si genreméisseg als Rough Blues presentéieren.

  • John Mayall: "Three for the Road"

    Dee 66. Album vum britesche Blues-Pionéier

  • Blues Is Life!

    "Chilling" ass deen neien Album vum Archie Lee Hooker (Label: Dixiefrog). Hien an den Drummer/Produzent Yves Ditsch si Gäscht am Studio.

  • Muddy Waters ... Live at Rockpalast

    Och nach haut, 35 Joer no sengem Doud, kommen ëmmer nach CDe vum Bluesmuseker Muddy Waters eraus. Sou och 2018.

  • Remo Cavallini live@Rockhal

    Den Déifferdenger Bluesmann mat Band a Frënn, opgeholl de 14.10.2017 am Club vun der Rockhal fir de Release vu "The Last Blues From 29".

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen