Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Nationale Referenzzenter fir affektiv a sexuell Gesondheet

D'affektiv a sexuell Gesondheet wier een transversaalt Thema, dat jidderee betrëfft, seet d'Isabel Scott. Si ass d'Coordinatrice vum nationale Referenzzenter fir d'Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet, deen d'lescht Woch ageweit gouf. D'Haaptmissioun vum Referenzzenter ass et, Informatiouns- a Sensibilisatiounsaarbecht zum Thema ze leeschten an een Netzwierk vun Acteuren ze schafen. D'Françoise Keller mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen