Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Piano of Hope

Um Schëff huet HIe scho gespillt a viru Kuerzem och am Funiculaire vum Pafendall erop op de Kierchbierg: Elo geet de Pianist David Ianni mat sengem Instrument op eng Zuchrees. Et ass net iergendee Piano, mee den "Hoffnungspiano": Den David Ianni wëllt Mënsche mat senger Musek Courage maachen an och ganz konkret hëllefen. Dofir ass d'Arrivée vun dëser Zuchrees den 28. Mee, pénktlech fir de World Blood Cancer Day.  

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Panorama

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen