Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

SNHBM-Projet Elmen

750 nei Haiser an Appartementer fir 2.000 Leit: dat ass de Projet Elmen, deen d'SNHBM zu Ollem an der Gemeng Kielen wëllt realiséieren, op der Grenz mat de Gemenge Mamer a Käerch. Dëse grousse Logements-Projet op engem Terrain vu 27 Hektar soll innovativ sinn. Eng héich Liewensqualitéit soll garantéiert sinn, verspriechen déi Responsabel vum ëffentleche Promoteur "Société nationale des habitations à bon marché".

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen