Konferenzen
Forum Z - MAI 68 - Entre mythe et fait social (2. Deel)
Am zweeten Deel vum "Forum Z" den 9. Mee 2018, gouf mat Zäitzeien an Historiker iwwer d'Auswierkunge vum Mee '68 an Europa a besonnesch zu Lëtzebuerg diskutéiert. Mat dobäi waren: Robert Bohnert, Hans Reul, Prof. Dr. Dietmar Hüser, Dr. Frédéric Krier, Richard Legay, Berthe Lutgen, Marie-Flore Weber, Florence Weimerskirch a mat der Contributioun vum Karikaturist Carlo Schneider.
D'Moderatioun hat den Andreas Fickers, Direkter vum C²DH (Centre for Contemporary and Digital History) op der Uni Lëtzebeurg. Dat Ganzt am Kader vun der Ausstellung "Échos luxembourgeois de Mai 68" an der Abtei Neimënster am Gronn.
De "Forum Z" gouf organiséiert vum C²DH, am Patenariat vum Nëimënster an dem radio 100,7 ënnert dem Label, "2018 Année Européenne du Patrimoine Culturel".
Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
(v.l.n.r., uewen ugefaangen) : Flo Weimerskirch, Frédéric Krier, Andreas Fickers (Moderatioun), Robert Bohnert, Hans Reul, Berthe Lutgen, Marie-Flore Weber, Richard Legay, Dietmar Hüser. (Fotoen: © Université du Luxembourg | Collage: Carlo Link)
Affichen a Fluchblieder - Kollektioun: D²DH-Uni.lu - © Carlo Link (Collage)
© Carlo Schneider
De "Forum Z", (Z fir Zäitgeschicht) ass eng ëffentlech Plattform fir kritesch an offen Diskussioune vun aktuelle Froen am Beräich vun der lëtzebuerger an europäescher Zäitgeschicht. Weider Informatiounen zum "Forum Z" vum 9. Mee 2018, repektiv zum C²DH, op: https://www.c2dh.uni.lu/fr
Episoden
De Wee vum Text
"De Wee vum Text" war de Sujet den 8. Mee op enger Table ronde op de Mierscher Theaterdeeg am Mierscher Kulturhaus.
Welche Zukunft wollen wir? Die Smart City und die Zukunft unserer Städte
Eng Diskussioun mam Niklas Maak a Florian Hertweck, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner (IPW) an der Abtei Neimënster. "Zwischen Klimawandel und digitaler Revolution".
Guy Wagner - Winterreise
Als Hommage un de Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner (1938-2016) vum 7. Mee am Trifolion, Iechternach
Op eemol ass alles anescht!
Wat maache Verännerunge mat eis? Am Alldag, an der Gesellschaft, an der Schoul, an der Kierch?

Guy Wagner - Winterreise
Als Hommage un de Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner (1938-2016)
