Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

© Tony Krier / Photothèque de la Ville de Luxembourg - C²DH-Uni-lu

Forum Z - MAI 68 - Entre mythe et fait social (2. Deel)

Am zweeten Deel vum "Forum Z" den 9. Mee 2018, gouf mat Zäitzeien an Historiker iwwer d'Auswierkunge vum Mee '68 an Europa a besonnesch zu Lëtzebuerg diskutéiert. Mat dobäi waren: Robert Bohnert, Hans Reul, Prof. Dr. Dietmar Hüser, Dr. Frédéric Krier, Richard Legay, Berthe Lutgen, Marie-Flore Weber, Florence Weimerskirch a mat der Contributioun vum Karikaturist Carlo Schneider. 

D'Moderatioun hat den Andreas Fickers, Direkter vum C²DH (Centre for Contemporary and Digital History) op der Uni Lëtzebeurg. Dat Ganzt am Kader vun der Ausstellung "Échos luxembourgeois de Mai 68" an der Abtei Neimënster am Gronn.

De "Forum Z" gouf organiséiert vum C²DH, am Patenariat vum Nëimënster an dem radio 100,7 ënnert dem Label, "2018 Année Européenne du Patrimoine Culturel".

Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

(v.l.n.r., uewen ugefaangen) : Flo Weimerskirch, Frédéric Krier, Andreas Fickers (Moderatioun), Robert Bohnert, Hans Reul, Berthe Lutgen, Marie-Flore Weber, Richard Legay, Dietmar Hüser. (Fotoen: © Université du Luxembourg | Collage: Carlo Link)

​Affichen a Fluchblieder - Kollektioun: D²DH-Uni.lu - © Carlo Link (Collage)

© Carlo Schneider

De "Forum Z", (Z fir Zäitgeschicht) ass eng ëffentlech Plattform fir kritesch an offen Diskussioune vun aktuelle Froen am Beräich vun der lëtzebuerger an europäescher Zäitgeschicht. Weider Informatiounen zum "Forum Z" vum 9. Mee 2018, repektiv zum C²DH, op: https://www.c2dh.uni.lu/fr

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen