Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

© Tony Krier / Photothèque de la Ville de Luxembourg - C²DH-Uni-lu

Forum Z - MAI 68 - Entre mythe et fait social (1. Deel)

Am éischten Deel vum Forum Z den 9. Mee huet den Hans Reul a sengem Virtrag de Publikum op eng labber Manéier musikalesch an d'60er Joren zréckversat, mat Explikatiounen zu den eenzele Genren, wou bekannten a manner bekannte Musekstitelen net feelen duerften. Dat Ganzt am Kader vun der Ausstellung Échos luxembourgeois de Mai 68 an der Abtei Neimënster am Gronn. Mat der Contributioun vum Karikaturist Carlo Schneider. 

De "Forum Z" gouf organiséiert vum C²DH, am Patenariat vum Nëimënster an dem radio 100,7 ënnert dem Label, "2018 Année Européenne du Patrimoine Culturel".

Den zweeten Deel vum Forum Z brénge mir muer, op Päischtméindeg, op der selwechter Plaz, selwecht Zäit. An engem Ronndëschgespréich diskutéieren Zäitzeien an Historiker iwwer dës Fro: Wat fir eng Auswierkungen hat de Mee '68 an Europa a besonnesch zu Lëtzebuerg?

Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.

Hans Reul, Musekredakteur beim ëffentlech-rechtleche BRF (Belgischer Rundfunk) an der däitschsproocheger Communautéit an Ostbelgien zu Eupen. © Université du Luxembourg

Playlist zesummegestallt vum Hans Reul (Titel/Komponisten/Interpreten):

  1. We shall overcome (Horton/Hamilton/Carawan/Seeger) Joan Baez
  2. Blowin' in the Wind (B. Dylan) Bob Dylan
  3. All along the Watchtower (B. Dylan) Jimi Hendrix
  4. San Francisco (J. Philips) Scott McKenzie
  5. Kick out the Jams (Davis/Kramer/Smith/Thompson/Tyner) MC5
  6. Revolution (Lennon/McCartney) The Beatles
  7. Street Fighting Man (Jagger/Richards) The Rolling Stones
  8. The Unkwon soldier (Morrison) The Doors
  9. Il est cinq heures, Paris s'éveille (Dutronc/Le Glou) Jacqueline Danno, alias "Vanessa Hachloum"
  10. Crêve Saloppe (Sechan) Renaud > net editéiert <
  11. Paris Mai (Nougaro/Louis) Claude Nougaro
  12. Dem Morgenrot entgegen (Eildermann) Hein & Oss
  13. Spiel nicht mit den Schmuddelkindern (Degenhardt) Franz Josef Degenhardt
  14. Die erschröckliche Moritat des Kryptokommunisten (Süverkrüp) Dieter Süverkrüp

Poschette vun den deemolege (Singelen), 45 Tours Vinyl-Disken (Collage: Carlo Link)

© Carlo Schneider 

Carlo Schneider © Université du Luxembourg

De "Forum Z", (Z fir Zäitgeschicht) ass eng ëffentlech Plattform fir kritesch an offen Diskussioun vun aktuelle Froen am Beräich vun der lëtzebuerger an europäescher Zäitgeschicht. Weider Informatiounen zum "Forum Z" vum 9. Mee 2018, repektiv zum C²DH, op: https://www.c2dh.uni.lu/fr

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen