Agora

Eng Table Ronde iwwer Kultur a Kulturpolitik.

Michel Pauly, Danny Gaasch a Robert Garcia (v.l.n.r.)

"Wer sich nicht wehrt, lebt verkehrt"

Am Kader vum Réckbléck op 50 Joer "Mee '68" organiséieren de radio 100,7 an d'Wochenzeitung woxx dräi Ronndëschgespréicher ënnert dem Motto "The times, they are a'changing! Mee '68 an duerno". An der éischter Emissioun geet et ëm déi nei sozial Bewegungen: Net nokucken, mee sech selwer engagéieren géint gesellschaftlech Mëssstänn. An der Suite vun der 68er-Revolt entstinn nei Beweegungen, déi sech fir eng gerecht Drëtt-Welt-Politik, Fridden tëscht Ost a West oder de Kampf géint d'Atomkraaft asetzen.

Gäscht am Studio sinn de Michel Pauly, fréieren Enseignant am Secondaire an duerno Professer op der Uni Lëtzebuerg, déi fréier Enseignante Danny Gaasch an de Robert Garcia, fréieren Enseignant, Permanent an enger Drëtt-Welt-Associatioun, Politiker a Kulturmanager.

Moderatioun: Renée Wagener a Pia Oppel.

Rezent Emissiounen

  • Fraenbeweegung an MLF

    Feministesch Beweegung zu Lëtzebuerg. Zwou Zäitzeiinne maachen de Bilan.

  • School's Out

    D'Studenterevolt vun 68 huet sech ënner anerem géint ee verstëbsten an autoritäert Universitéits- a Schoulwiesen gestallt. Och am Lëtzebuerger Educatiounssystem huet et deemools rumouert.

  • "Wer sich nicht wehrt, lebt verkehrt"

    An der Suite vun der 68er-Revolt entstinn nei Beweegungen, déi sech fir eng gerecht Drëtt-Welt-Politik, Fridden tëscht Ost a West oder de Kampf géint d'Atomkraaft asetzen.

  • Table ronde iwwert den Dokumentarfilm "Foreign Affairs"

    De Jean Asselborn am Gespréich mam Regisseur Pasha Rafiy a mam Produzent Jean-Louis Schuller.

  • E Bild vun engem Land

    Zwee nei Documentairen iwwer d'Liewen a Politik zu Lëtzebuerg.

  • Table des Matières

    Inhalter vun der aktueller Konscht zu Lëtzebuerg. Dorëms goung et an enger Table Ronde am Kader vun der Luxembourg Art Week.

  • De Konschtmarché zu Lëtzebuerg

    Am Kader vun der éischter Luxembourg Art Week diskutéieren d'Galeristen Alex Reding, Audrey Bossuyt a Michael Krome mam Christian Mosar a mam Cléo Thoma.

  • Déi aktuell Situatioun vum Buch zu Lëtzebuerg

    Mam Doris Bintner vun der Federatioun vun den Editeuren, dem Direkter vum CNL Claude D. Conter, dem Dirk Sumkötter vun Ernster an dem Auteur an Verleger Ian de Toffoli

  • De Kulturmilieu ënnert der Occupatioun

    De Christian Mosar geet a Gespréicher mat Experten op d'Zäit vun der Occupatioun an hire kulturellen Impakt an.

  • Kulturjoer: Bilan a Perspektiven

    De Coordinateur général zitt virun där leschter Etapp vum Kulturjoer een Zwëschebilan. An och d'Kulturministeren aus der Groussregioun diskutéieren iwwer 2007.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen