Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Pressekonferenz vun der Fête de la Musique 2018

"Faites de la musique, Fête de la musique"

"Faites de la musique, Fête de la musique", dat war d'Formel, déi dee fréiere franséische Kulturminister Jack Lang viru 37 Joer lancéiert huet. Während engem ganzen Dag sollt uechter de ganzen Hexagon, spéider uechter ganz Europa an d'ganz Welt op alle méigleche Plaze Musek gemaach ginn. Et soll ee grousst Volleksfest sinn, dat op dräi Prinzipie baséiert: Ouverture op all Genre vu Musek, eng Bühn fir all Museker - op Amateur oder Professionell, all Concerten si gratis, fir dat och jidderee kann derbäi sinn. Bei der Fête de la Musique soll et keng Exklusioun ginn.

Am Joer 2000 gouf et eng Initiative vum Kulturministère, fir  wichteg Acteuren zesummenzebréngen a sech dem europäesche Réseau vun der Fête de la Musique unzeschléissen. 2001 gouf dunn eng asbl gegrënnt, déi de ganze Festdag sollt koordinéieren, an déi huet de Muergen de Programm vum Museksfest 2018 presentéiert.

De Luc Boentges mat Informatiounen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • E-Lodie

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen