Sequenza

Maria Gutierrez

Die grossen Komponisten wären ohne das Zutun ihrer musikalischen Zeitgenossen nicht denkbar. Sie waren Freunde, Gesprächspartner und Inspirationsquelle, sind heute aber grösstenteils vergessen. Maria Gutierrez stellt uns die zu Unrecht vergessenen Komponisten der Musikgeschichte vor.

In Africa

Dat Neit, dat Onbekannt huet Komponisten ëmmer nees ugezunn: aner Welten, aner Kläng, déi Inspiratioun fir hir Wierker konnte sinn. Esou huet déi geographesch Exploratioun vum Planéit och ëmmer eng musikalesch no sech gezunn. Afrika mécht do keng Ausnam - vu Reesberichter aus dem Barock bis bei eegen Erfarungen am 19. an 20. Joerhonnerten. D'Komponisten an Afrika, dat ass haut den Thema vun der Maria Gutierrez an der Emissioun "Sequenza".

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen