Noémie Borges, Gianni Mersch a Christian Welter
Am "Uelzechtkanal" vum Escher Jongelycée sinn et d'Schüler, déi decidéieren, wéi eng Sujeten behandelt ginn a wien interviewt gëtt. Domat ginn d'Themen dacks aus engem anere Bléckwénkel beliicht, wéi wann Erwuessener hei d'Decideure wieren. Zil ass et, nieft enger Sendung pro Mount ze produzéieren, de Schülerinnen Responsabilitéit ze léieren an hiert Selbstbewosstsinn doduerch ze stäerken. Duerch d'Gespréich féiert d'Tessy Steffen Koenig.