Invité am Moies-Magazin

Kristel Pairoux

Kristel Pairoux

Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller vun alle Kontinenter sinn agelueden hir Literatur an den Ausstellungshalen um Kierchbierg virzestellen. D'Kristel Pairoux vum CLAE schwätzt iwwert de Salon, d'Iddi vun der Presentatioun vun internationalen Auteuren an Autorinnen an iwwert de Programm vum Festival. Duerch d'Gespréich féiert d'Valerija Berdi.

Rezent Emissiounen

  • Jacques Berndorf an Heinz Hoenig

    Lescht Woch huet den däitsche Schauspiller Heinz Hoenig fir den 30. Anniversaire vum EifelKrimi aus dem Jacques Berndorf sengem Wierk gelies

  • Valerija Berdi

    Eng nei Episod fir Lëtzebuerger Literatur op der Frankfurter Buchmesse. En originelle Programm an e villverspriechende Stand.

  • Karin Kremer, Sabrina Collé a Lynn Bidaine

    Haut ass Weltdag vun der Gebärdesprooch. D'ASBL Hörgeschädigten Beratung setzt sech fir Mënschen déi Problemer mam Gehéier hunn an.

  • Louis Haas

    Manager bei Optin, dem Organisateur vum Bikefestival deen de Weekend vum 21. an 22. September organiséiert gëtt

  • Klaus Doldinger

    Das Boot,Tatort, Liebling Kreuzberg - all dës Filmproduktiounen hun ee gemeinsamen Nenner: d'Musik kënnt vum Komponist a Musiker Klaus Doldinger.

  • Fred Entringer

    De jonke Mann mat lëtzebuergesch-brasilianesche Wuerzelen ass an der Kulturfabrik zu Esch zoustänneg fir Urban Art education.
     

  • Gian Maria Tore

    Den Assitenzprofesser vun der Uni Lëtzebuerg iwwer de Konferenzenzyklus "Penser l'écran"

  • Felix Klein

    Den däitschen "Antisemitismusbeauftragte" war zu Lëtzebuerg, fir iwwert seng Missioun ze schwätzen: Antisemitismus bekämpfen a jiddescht Liewe fërderen.    

  • Adrienne Haan a Jim Goerres

    E Virtrag iwwer Entartete Musik op Invitatioun vu MemoShoah Lëtzebuerg - déi lëtzebuergesch-däitsch Chansonsängerin stellt och hir Musek vir.

  • Odile Simon

    Grenzen ofbauen an de Musek grad wéi am Theater. Dat versprécht déi nei Saison am Cube 521. Méi Detailer mat der Directrice Odile Simon.

  • Marc Vaessen, Jean Zeches & Carine Mertes

    E Schofsziichter, den Direkter vum Tourist Center Klierf, an eng Wollkonschthandwierkerin iwwer d'Méiglechkeeten, déi Schof bidden.

  • Gilles Dostert

    Mam Generaldirekter vum Verkéiersverbond a Member vum Comité économique et social vun der Groussregioun geet rieds iwwer déi europäesch Mobilitéitswoch.

     

     

     

  • Dr. Laurent Schley

    De Biolog freet no Hëllef, mat engem Don, fir déi europäesch Mamendéieren ze schützen.

  • Vincent Artuso

    Den 9. September 1944 gouf d'Gemeng Péiteng als éischt vum Land vun der amerikanescher Arméi befreit. Den Historiker erkläert d'Situatioun, déi Mënschen erlieft hunn.

  • Anita Lanners

    Den 8. September ass zu Wolz am Amphitheater den Do-It-Yourself Festival. Et well een do Kompetenze vermëttele fir eng méi nohalteg Gesellschaft opzebauen.

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen