Christian Mosar
De Premier- a Kulturminister Xavier Bettel huet lescht Woch d'Pläng fir eng Galerie National d'art luxembourgeois presentéiert. 2020 sollen d'Aarbechte ufänken an avancéiert gouf ee Budget vu 36 Milliounen Euro. D'Gallerie soll an d'Gebai vun der aktueller Nationalbibliothéik kommen, déi op de Kierchbierg plënnert. An d'Nationalgallerie soll eng permanent Ausstellung, déi d'Konschtgeschicht vum Land vun 1945 bis haut thematiséiert an eng temporär Ausstellung kommen. Et solle Kënschtler ausgestallt ginn, déi e Lien mat Lëtzebuerg hunn. An dernieft soll och en Dokumentatiounszentrum an d'Liewe geruff ginn, an op 1.600 Quadratmeter sollen eng 36 Logementer fir jonk Leit entstoen. Invitée am Moiesmagasin ass de 100,7 Mataarbechter a Kenner a Saachen Konscht Christian Mosar