Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

D'Spill mat de verschiddenen Optiounen

De Jean Asselborn, aktuelle Lëtzebuerger Ausseminister, gouf viru Kuerzem an der Press als europawäite Spëtzekandidat vun de Sozialisten an d'Gespréich bruecht. Hie géif sech elo op d'Chamberwahlen konzentréieren, sou seng Reaktioun.

Et ass awer net ausgeschloss, datt hien dono bei den Europawahlen untrëtt. Verbueden ass dat net.

Zanter datt déi zwou Wahlen net méi op dee nämechten Datum falen, gëtt et nees méi Spillraum fir taktesch Spiller. Kënnt bei deenen enge Wahlen net dat dobäi eraus, wat ee sech erwaart, kann een et nach ëmmer bei deenen anere probéieren.

Ass dat Wielerbedruch?

D'Danièle Weber geet där Fro an eisem Dossier no.

Rezent Emissiounen

  • EU-Parlament appeléiert u Memberlänner sech eens ze ginn

    Den europäeschen Asylsystem soll reforméiert ginn. D'EU-Memberlänner streiden, een Accord ass net en vue. Dobäi huet d'EU-Parlament scho gewisen, datt dat méiglech ass.

  • D'Spill mat de verschiddenen Optiounen

    Wat hunn Europawahle mat Nationalwahlen ze dinn? Zanter datt déi zwou Wahlen decaléiert sinn, gëtt et nees Sputt fir taktesch Spiller.

     

  • Debat mam Xavier Bettel am Europaparlament

    De Premier Xavier Bettel war am Europaparlament fir iwwert d'Zukunft vun der EU ze debattéieren. Virun allem iwwert d'Steierpolitik gouf et Divergenzen.

  • Barnier: Norwege -Modell als bäscht Léisung

    Den EU-Chef-Negociateur fir de Brexit stoung Journalisten vun 13 Radio'en aus dem Réseau Euranet Plus Ried an Äentwert.Den 100,7 war och dobäi.

  • E Boom bei de Consultingfirmen

    Eng nei europäesch Reglementatioun vum Dateschutz kënnt. D'Entreprisen goufe vu Consultingfirme beroden. E Secteur deen e Boom erlieft huet.

  • Europa Aktuell

    D'EU well 1,8 Milliarden Euro pro Joer an ee Recherché-Fong fir d'Défense stiechen. Si ass an deem Prozess net transparent,soe Kritiker.


     

  • Wéi soll d'EU reagéieren?

    Atomdeal mam Iran: De Spillraum, fir europäesch Entreprisë virun den Auswierkunge vun amerikanesche Sanktiounen ze schützen, ass net grouss.

  • D'Gespenst vum TTIP light geeschtert duerch d'EU

    Als Auswee aus der Handelskris mat den USA hu verschidde Politiker eng Light-Versioun vum ëmstriddenen TTIP-Ofkommes an d'Spill bruecht.

  • Propos fir EU-Budget ass ëmstridden

    Gëschter huet d'Europäesch Kommissioun eng Propos fir en neien EU-Budget gemaach, déi direkt fir Diskussioune gesuergt huet. Éischt Reaktiounen.

  • Méi a Roboter investéieren

    Bréissel well d'Automatiséierung an der europäescher Industrie pushen. Dat léisst och ethesch Diskussioune aus.

  • Eréischt an drëtter Instanz un d'Presse

    Whistleblower sollen an der EU besser geschützt ginn. D'EU-Kommissioun huet gëscht eng Direktive presentéiert. D'Reaktioune sinn éischter positiv.

  • Entwécklungslänner a Scholdekrisen

    Entwécklungslänner maachen ze vill Scholden. D'Europaparlament setzt sech elo dofir an, datt d'EU sech Regele gëtt, fir Kreditter ze verginn.

  • Digital Auere ginn no

    Kosovo, dat klengt Land vum Balkan, huet net genuch Energie an den europäeschen Elektresch-Reseau agespeist.

  • D'EU an auslännesch Investitiounen

    12 EU-Länner hu national Mechanismen, fir auslännesch Investitiounen ënner d'Lupp ze huelen. Lëtzebuerg gehéiert och dozou. D'EU-Kommissioun wëllt dat elo koordinéieren.

  • Europa Aktuell

    Op Lëtzebuerger Initiativ ginn d'Finanz-Servicer am Text vum Brexit-Deal ernimmt. Wéi eng Konsequenzen huet dat?

     

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen