Frank Hoffmann
Déi lescht 14 Joer hat de lëtzebuergeschen Theatermann Frank Hoffmann als Intendant d'Soe bei de Ruhrfestspiller zu Recklinghausen, an et ass wuel net vermessen ze soen datt d'Ruhrfestspiller am Pott elo mat zu de bedeitendsten europäeschen Theaterfestivaler zielen. Mä wann elo bis Enn dës Joers déi leschte Kuel geschëppt ass, geet net nëmmen industriell eng Epoch op en Enn, mä um gréngen Hiwwel ass de Schlussaccord fir de Frank Hoffmann.