KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Edvard Grieg (1843-1907)

Bis haut ass d'Perceptioun vum Edvard Grieg ganz anescht an eise Géigende wéi a senger norwegescher Heemecht. Fir eis ass de Grieg nach ëmmer Synonym vum populäre Pianosconcerto, an Norwegen spillt dëst Wierk eng vill manner wichteg Roll. Hei sinn et all déi Kompositioune mat typesch norwegeschem Charakter, déi un éischter Plaz mam Grieg associéiert ginn. De Guy Engels op der Sich no den norwegesche Wuerzele vum Grieg senger Musek.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen