Sven Hannawald
De Sven Hannawald war ee vun de beschte Schisprénger vun allen Zäiten. Den éischte Sportler, deen déi véier Kompetitioune vun der mythescher "4-Schanzen-Tournee" gewonnen huet, e war Weltmeeschter a Goldmedaillegewënner op Olympesche Spiller. Mä an der Zäit vum gréisste Succès koum d'Enn. De Sven Hannawald ass an e Burn Out gefall, ass awer mat vill Méi an Energie nees am normale Liewe gelant. Hien ass awer kee Eenzelfall an dofir wëllt hie mat senger Liewensgeschicht anere Mënschen hëllefen. A seng Liewensgeschicht huet de Sven Hannwald och a sengem Buch "Mein Höhenflug, mein Absturz, meine Landung im Leben" aus dem ZS-Verlag festgehalen.