Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Lucinda Williams - Car Wheels on a Gravel Road

Op der 2006 Deluxe-Versioun vum CD si nach dräi Bonustracken ze fannen, plus e Live-Concert, agespillt um Singer Songwriter Festival vu Philadelphia, den 11. Juli 1998, deemno kuerz no der Sortie vum regulären Album.

"Car Wheels on a Gravel Road" sollt, engersäits den Duerbroch fir d'Lucinda Williams bedeiten, anerersäits awer och nëmmen eng Tëschestatioun duerstellen op engem Wee, deen nach laang net eriwwer ass. An deene leschten zéng Joer koumen nach Pärele wéi "Little Honey", "Blessed Down Where the Spirit Meets the Bone" oder "The Ghosts ff Highway 20" eraus.

Presentéiert vum Ben Boulanger.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen