Séier lafen oder schwéier schaffen

Mars Klein

D'Päerd stoung ëmmer fir Schéinheet an Eleganz, fir Kraaft an Ausdauer. Et ass veréiert ginn a bluddeg geschënnt. Joerdausendelaang war et dem Mënsch seng Tempo-Maschinn. Expansiv Muechtpolitik huet et méiglech gemaach: D'Kavallerie war eng redoutabel Krichswaff. Am 19. Joerhonnert krut de Biddi Konkurrenz: D'Dampmaschinn gouf d'Päerd vun der Eisebunn, de Vëlo e Päerdche fir de klenge Mann. An den Automobil war op eemol déi omnipresent Kutsch ouni Päerd. Zënter d'Bauerewiese mechaniséiert gouf, ass d'Päerd just nach en héichgeziichtent Sportinstrument. De Mars Klein weist d'Päerd dans tous ses états: An der Mythologie, Literatur, Konscht, am Film, awer och bei der fréierer haarder Aarbecht, beim Sport a soss Zirkus - an als gepéngegt Kreatur am Krich.

De Winston Churchill bei der Kavallerie

Datt de Winston Churchill a muenche britesche Regierungen ënnerschiddlech Ministesch-Posten hat a während dem Zweete Weltkrich Premier war, dat ass gewosst. Manner bekannt ass, datt hien als jonke Mann Beruffs-Offezéier an der Royal Army war. An zwar bei der Kavallerie. Um Päerd ass hie fënnef Mol an e Krich gezunn: op Kuba, an Indien, am Sudan, a Südafrika. Op der britescher Sudan-Expeditioun ass hien 1898 déi lescht grouss Kawallerie-Attack mat geridden. Als ale Mann huet hie sech nach e Rennpäerd kaaft, dat him 13 Coursse gewonnen huet.

Rezent Emissiounen

  • Erotik an engem Fiaker

    Eng vun de berühmtsten Zeenen aus der erotescher Literatur vum 19. Joerhonnert spillt an engem Fiaker, enger Päerdskutsch.

  • Flautereie mat wonnerleche Biddien

    De fatzege Flunkerer Barong Münchhausen an aner Geschichten

  • Déi véier apokalyptesch Reider ...

    ... um wäissen, rouden, schwaarzen a bleeche Päerd, Symboler vu Christus, vum Krich, Honger an Dout, zu Angers op der Loire op enger monumental Tapisserei ze gesinn.

  • D'Amazonen

    E Produit vun der griichescher Männer-Phantasie oder gouf et wierklech dat gefaarte Frae-Vollek, dat schlau, staark an ouni Angscht op séiere Päerd an de Krich gezunn ass?

  • E Bericht vun der Front

    Am Buch "Heeresbericht" vun 1930 verzielt den Edlef Köppen passionant autobiographesch Episoden, wéi mat de Päerd bei der däitscher Kavallerie ëmgaange gouf.

  • Am Krich

    Net nëmme Millioune Päerd goufen am Krich gebraucht a verbraucht, och Ieselen, Maulieselen, Hënn a Bréifdauwen. En trauregt Kapitel aus den Déieren hirer Geschicht.

  • Pegasus, Einhörner, e Buddha dee flitt

    Op de Bee séier wéi de Wand a monter wéi e Villchen an der Loft: D'Bild vum Pegasus, dem Päerd mat Flilleken, gouf et net nëmme bei de Griichen.

  • Bei de Griichen

    An der griichescher Mythologie haten och muench Päerd hir Plaz

  • Legendär Courssen a grousse Gaudi

    Eng vun de spektakuläerste Päerdscourssen ass de Palio zu Siena an der Toskana, déi zënter dem 13. Joerhonnert de 15. August organiséiert gëtt

  • E passionéierte Reider

    De Johann Wolfgang von Goethe war bei Wand a Wieder wäit Strecken um Päerd ënnerwee.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen