De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach
World


Cap Vert - Brasilien an zeréck
Neies vum Cap Vert mat den Albumsortië vu Lucibela, Tété Alinho an Elida Almeida, esou wéi véier Extraiten aus dem Release "Trinca De Ases", en Hommage vum brasilianeschen Trio un d'Musica Popular Brasileira. Presentéiert vum Fred Medernach.
Rezent Emissiounen
-
Mier a Wellen
Trennt d'Mier oder verbënnt et? Musikalesch schléit d'Mier heiansdo méi, mä och emol manner héich Wellen ...
-
Oum in concert
Déi marokkanesch Sängerin mat Band, opgeholl d'lescht Joer an Däitschland.
-
Orientalesch ënnerwee
Eng musikalesch Rees aus dem ale Persien bis an de Maghreb
-
Dhafer Youssef
Den tuneseschen Oud-Spiller mat de ville musikalesche Facetten trëtt de 26. November an der Philharmonie op.
-
Kuba
Eng musikalesch Rees an d'Karibik, mat villen neien Opnamen
-
Three Letters From Sarajevo - Goran Bregovic
Nei Variatiounen op traditionell Balkan-Téin an e Bléck an d'Vergaangenheet vum renomméierte Museker.
-
Irland, Schottland, d'Orkney Inselen ...
Aktuell Produktiounen vun der britescher Insel ... mat engem Ofstiecher op d'Inselen ganz uewen un der Nordspëtzt ...
-
Buenos Aires
E musikalesche Bléck op déi argentinesch Haaptstad, déi nach ëmmer Mënschen a Kulturen ugezunn huet ...
-
India Meets Europe an aner Kooperatiounen
Sittaren an Tablas zesumme mam Jazzsaxophonist Damien Prudhomme an dem Drummer Jeff Herr - déi Escher Kulturfabrik ass d'Bühn dofir.
-
D'musikalesch Welt vun de Sephardim
Als Sepharde bezeechne sech d'Judden an hir Nokommen, déi am Mëttelalter bis 1513 op der iberescher Hallefinsel gelieft hunn.
-
Modestine, Sofia, Carminho ...
D'Aktualitéit op de Concertsbühnen vun der Kulturfabrik, (Modestine Ekete), dem CAPE (Sofia Ribeiro) an der Philharmonie (ë.a.Carminho)
-
Nei + Al
E neie Numm aus der Schwäiz, dräi confirméiert Nimm aus der Zeen: d'Maria Gutierrez ass a beschter Häre-Gesellschaft ...
-
Afrika Yé!
Nei Publikatioune vum afrikanesche Kontinent an e Bléck op de Label Real World vum Peter Gabriel
-
World Jukebox
Bougéieren ass erlaabt - mol ass de Rhythmus méi beschwéngt, mol méi relax ... eng Dose Kompositioune vu ronderëm dem Globus.
-
Ënnerwee am klenge Kaukasus - tëscht dem Schwaarzen a Kaspesche Mier
Op der aler Seidestrooss op der Sich no faszinéierende Kläng aus Georgien, Armenien an Aserbaidschan.
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen