Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

D'Schubertiade vun enger Sopranistin

Lieder, déi sech u Fraen adresséieren, Lieder fir Fraen a Lieder iwwer Fraen: An hirem aktuellen Album "A Soprano's Schubertiade" proposéiert d'Carolyn Sampson Lieder, an deene Frae ganz ënnerschiddlech Rolle spillen. Begleet gëtt si vum Joseph Middleton um Piano.

Zesummen ass deenen zwee Museker e stëmmungsvollen an atmosphäreschen Disk gelongen, deen dozou invitéiert, sech vun der Musek droen ze loossen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen