Den amerikanesche Musical

Martine Reuter

Musek war ëmmer e feste Bestanddeel vum Kino an dat ëmsou méi vun deem Moment un, wéi endlech um groussen Ecran geschwat, gesongen a gedanzt gouf. Vun 1927 un huet de Musical de Public begeeschtert. Um Ufank vun de 50er Joren huet de Film-Musical säin Héichpunkt gefeiert a sech zënterhier ëmmer erëm nei erfonnt.

Horror an Hoer (1975-1979)

Déi zweet Halschent vun de 70er Joren zeechent sech definitiv duerch méi rockeg Téin aus. Et geet drëm de Musical an och de Kino nei ze erfannen an deelweis geléngt dat och. Och thematesch geet et scho laang net méi nëmmen ëm eng einfach Love Story, mee de Genre mécht sech op fir déi verschiddenst Aflëss.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen