Simone Thill a Christiane Rassel vun Trauerwee
D'Trauerwee asbl am Regine-Haus zu Téiteng gouf viru véier Joer an d'Liewe geruff. D'Simon Thill an d'Christiane Rassel wëllen de Kanner a Jugendlechen - awer och hiren Elteren eng Méiglechkeet bidden, zesummen ze traueren, wann e Familljemember op bemol net méi do ass. D'Zil ass et, d'Leit an enger schwiereger Phase an hirem Liewen ze ënnerstëtzen an ze begleeden. D'Tessy Steffen Koenig féiert duerch d'Gespréich.