Classic Moment

Insolites a Gelungenes, Onbekanntes an Neies. Interessantes a Wëssenswäertes aus der Welt vun der klassescher Musek. D’Aktualitéit heiheem an am noe Grenzgebitt.

Charles Gounod

Charles Gounod: 200 Joer

"Ave Maria", d'Opere "Faust", "Roméo et Juliette", "Mireille", "La Colombe", mee och Sinfonien, Kammermusek, Schauspillmusek wéi "Jeanne d'Arc", "Ulysse", Oratorien a Kantaten a vill sakral Musek stinn am Repertoire vum Charles Gounod. Leider gëtt de Museker haut virun allem just als Operekomponist geschätzt.

De Charles Gounod ass gëschter (16.6.2018) virun 200 Joer gebueren. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vum Kënschtler.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen