Generator

Pit Walté

D'Jugend-Sendung um 100,7. Mam Weekend deen op vollen Touren dréint, Gäscht am Interview, Sortien, Trends, Gigs ... A beschter Generator-Musek.

Generator

De fette Petz vum Netz erzielt vun deenen impressionantste Presentatiounen op der Electronic Entertainment Exposition. D'Jana huet nogefrot, wat d'Leit iwwer d'Fussball-Weltmeeschterschaft denken a fir wien si halen. De Yann ass op eng aner Meeschterschaft: d'Europameeschterschaft vun de Mixed Martial Arts zu Bukarest. Hien erkläert d'Reegele vun dëser Sportaart a wéi hien sech op d'Europameeschterschaft virbereet huet. An natierlech vill gutt Musek, déi d'Fanny dës Kéier erausgepickt huet.

 

Playlëscht:

1. A$AP Rocky - A$AP Forever

2. Andy Allo - People Pleaser

3. Kanye West & Kid Cudi - Kids See Ghosts

4. Alt-J - Deadcrush

5. Edsun - Forever

6. Jannelle Monaé ft. Pharell Williams - I Got The Juice

7. Gorillaz ft. Little Simz - Garage Palace

 

Rezent Emissiounen

  • Generator

    D'Nohaltegkeet steet am Mëttelpunkt.

  • Generator

    D'Theme sinn de Luxembourg City Film Festival an d'Studentenorganisatioun UNEL

  • Generator

    D'Fanny an de Pit kucken op d'Joer 2018 zeréck.

  • Generator

    Misst den E-Sport hei am Land méi ënnerstëtzt ginn a wéi eng gratis Course ginn et an der "Konschtschoul"?

  • Generator

    D'Sendung steet ganz am Zeeche vun der Konscht. Et gëtt Musek vu Sonic Season an de Jacques Schmitz schwätzt iwwer seng Biller.

  • Generator

    Um Programm sti Kleedung, Social Media a Metal.

  • Generator

    D'Luxembourg Marching Band ass am Studio an de Kaffi ass en Thema an der Sendung.

  • Generator

    Et gëtt Reggae mat Le Vibe an ILL sinn am Studio fir iwwer hire Queer Little Lies Festival ze schwätzen.

  • Generator

    Wou kommen d'Stereotyppen hier a wéi geet et der Ëmwelt?

  • Generator

    D'Rock-Formatioun Strysles presentéieren hiren Album "Power of Life" an d'CNEL, déi national Schülerkonferenz, schwätzt iwwer hir Projete fir 2019.

  • Generator

    "Kids Downtown" a "Yaya Van Chique" - wien dohannert stécht gitt der an dëser Editioun gewuer. Mee et gëtt e bësse geckeg, versprach!

  • Generator

    Themen dës Kéier sinn den neien Album vun der Lëtzebuerger Formatioun Stelise an en Sexpodcast.

  • Live vun der Nuit des Musées

  • An enger Woch si Wahlen

    Alles wat dir nach iwwer d'Politik wësse sollt.
     

  • Generator

    Extraiten aus eisem zweete Kichegespréich an de Vëlos-Fuerer Alex Kirsch ass op Besuch.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen