Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 8:20, 12:22 a 17:10 Auer.

Mobbing zu Lëtzebuerg - Explikatiounen zu de Chiffere vun 2017

D'Mobbing Asbl. huet viru Kuerzem d'Chiffere vun 2017 virgeluecht a festgestallt, datt den Harcèlement alles anescht wéi manner ginn ass. Virun allem op der Aarbechtsplaz bleift Mobbing eng Problematik, déi net ze ënnerschätzen ass. D'Monique Breisch, Presidentin vun der Mobbing Asbl. am Gespréich mam Gilles Wunsch.

Rezent Emissiounen

  • 82 Police-Schüler hëllefen am Mëllerdall

    Policeschüler hunn dës Woch gehollef, déi zerstéiert Wanderweeër am Mëllerdall erëm opzebauen. D'Sandra Bertholet vum ORT Mëllerdall informéiert.

  • Déck Loft am Lëtzebuerger Fussball

    De Progrès Nidderkuer an déi Escher Fola si virleefeg aus der Lëtzebuerger Football Ligue (LFL) ausgetrueden. Firwat eigentlech?

  • 25 Joer Fairtrade Lëtzebuerg

    Wat huet sech zanter 25 Joer fir Fairtrade Lëtzebuerg geännert? De President Jean-Louis Zeien gëtt Äntwerten.

  • Zocker taxéieren, Gesondheet fërderen?

    Experte si sech eens: Zocker ass ongesond. Ass eng Zockertax dofir sënnvoll? Eng international Etüd mat Lëtzebuerger Participatioun ass där Fro nogaangen. 

  • Vincent Navet vun der Ligue luxembourgoise d'hygiène mentale

    Wéi eng Servicer ginn et zu Lëtzebuerg fir Leit mat enger psychescher Krankheet an hir Famill? De Psycholog Vincent Navet gëtt Äntwerten.

  • Verduebelung vun de Park and Ride Plaze bis 2025

    Am MODU 2.0 steet d'Ambitioun, d'Zuel vun de P&R-Parkplazen bis 2025 ze verduebelen - op da knapp 27.000 hei am Land an op iwwer 8.000 am noe Grenzgebitt.

  • Zecken: Wéi gesäit d'Saison zu Lëtzebuerg aus?

    Zecken hunn et gäre fiicht a waarm. Dëst Fréijoer hu si sech duerch déi héich Temperaturen besonnesch wuel gefillt a séier verbreet.

  • Buchkritik: "Staark Kanner" vum Claude Meisch

    Et wier kee Wahlkampfbuch, seet den Educatiounsminister iwwer säin neit Buch. Et ginn awer kloer Parallelle mam DP Wahlprogramm, mengt de Pierre Reyland.

  • "Solidaritéit liewen, fir Fortschrëtt a Gerechtegkeet"

    Den LSAP Wahlprogramm gouf no animéierten Debatten um LSAP-Kongress eestëmmeg ugeholl. 

  • WM-Wues aus Holland

    D'Finall vun der Fussballweltmeeschterschaft, e Sonndeg a Russland, gëtt op engem Wues gespillt, deen an der hollännescher Provënz Zeeland geziicht ginn ass.

  • JCI Accreditatioun fir de CHL

    De Centre Hospitalier krut als éischt, a bis ewell eenzegt Spidol zu Lëtzebuerg, déi besonnesch Qualitéits- a Sécherheetsstandarde vun der Joint Commission International.

  • Si Wahlëmfroen nach modern?

    An de leschte Jore louchen d'Wahlëmfroen a méi Länner donieft.

  • 30 Joer Service Krank Kanner Doheem

    1988 gouf de Service vu Femmes en Détresse an d'Liewe geruff.

  • REVIS

    De Revenu d'inclusion sociale huet d'Zil, Stéit mat Kanner a Leit déi schaffen oder eng Moossnam unhuelen, méi ze ënnerstëtze wéi bis elo.

  • Ee Joer respect.lu

    Op Initiativ vum Regierungsrot ass am Juli 2016 de Centre contre la radicalisation entstanen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen